
Am nationale Championnat, ginn et souwuel Punkten am World Ranking, fir d’Performance, wéi och fir d’Plaz am Klassement. Heiheem trieden eis potenziell Kandidaten, fir d’Olympesch Spiller am Prinzip ouni Konkurrenz un.
Tëschent dem Bob Bertemes an dem Zweetklasséierten, dem Sven Forster, waren et zum Beispill e Samschdeg 6 Meter Differenz am Bommstoussen. Dobäi ass de Bob no enger Paus duerch e Muskelrëss bedéngt an d’Kompetitioun gaangen:
“Et war e bësse blöd gelaf. Mir hu mat den Dokteren elo e puer Tester ugesat, fir ze kucken, ob et einfach just eng kleng Verletzung am Training war oder ob et beim Beweegungsoflaf e Feeler gëtt. Et gëtt elo vill Kiné a mir hunn e puer Saache verännert, fir datt mir am Summer nach eng Kéier voll attackéiere kënnen.”
De Bielesser hat zwee gülteg Essaien, dee beschten dervun 20 Meter an 59 Zentimeter
De Vivien Henz, studéiert op der renomméierter awer wéineg sportfrëndlecher Harvard Universitéit. Dat jonkt Nowuesstalent kënnt an Zukunft eng Konkurrenz fir de Charel Grethen duerstellen:
“Hei zu Lëtzebuerg hu mer eng gutt Konkurrenz iwwer 1500 Meter. Dat ass natierlech immens positiv an dat motivéiert mech ëmsou méi fir hei ze sinn an alles ze ginn.”
E Samschdeg war dëst allerdéngs net de Fall. De Charel Grethen, gewënnt d’1500-Course an enger Zäit vun 3 Minutte 36 Sekonnen a 24 Honnertstel mat ronn 10 Sekonnen Avance op de Vivien Henz.
Hale mir nach fest, datt d’Charline Mathias d’800-Meter an 2 Minutten an 8 Sekonne gewonnen huet an d’Jenny Gloden an der 5000-Meter-Course um Depart war nodeems d’Folasathletin e Freideg e neien nationale Rekord am 3000-Meter-Steeple opgestallt hat.
E Sonndeg geet et da virun, mam drëtten Deel vum Championnat um INS, mat ënner aneren dem Patrizia Van der Weken.