
Och international ass um Samschdeg gespillt ginn, ënner anerem huet Manchester United géint Watford gläichgespillt.
Tëscht Borussia Mönchengladbach a Wolfsburg gouf et um 24. Spilldag an engem serréierte Match en 2:2-Remis. Nodeems Wolfsburg duerch zwee Goler vu Wind a Bornauw no ronn 30 Minutte schonn 2:0 zu Mönchengladbach a Féierung louch, konnt den Thuram kuerz virun der Paus nach verkierzen. Zu méi sollt déi iwwerleeën Ekipp vum Adi Hütter awer laang net kommen, och wann de Wolfsburger Lacroix no engem Handspill an der 70. Minutt déi rout Kaart gesinn huet. Kuerz viru Schluss war et dunn awer nach den Embolo, dee fir seng Faarwen de verdéngten Ausgläich markéiere konnt.
Bayer Leverkusen huet doheem Bielefeld keng Chance gelooss a verdéngt mat 3:0 gewonnen. No enger hallwer Stonn war et den Alario, dee fir de verletzte Patrik Schick gespillt huet, deen d’"Werkself” konnt a Féierung bréngen. An der zweeter Hallschent konnt dunn de Moussa Diaby mat zwee Goler fir d’Endresultat suergen, woumat Leverkusen weider den Tabellendrëtten bleift.
D’Hertha aus Berlin kann och zu Freiburg keng Punkte mathuelen a fält nom 0:3 ëmmer méi déif an d’Kris. Engem fréien Eelefmeter vum Grifo hat d’Ekipp aus der Haaptstad wéineg entgéintzesetzen, sou dass et dunn och mat 1:0 an d’Paus gaangen ass. Och no der Paus konnt Berlin net wierklech fir Gefor virum Freiburger Gol suergen an no 83 Spillminutten war et de Schade, dee mam 2:0 den Deckel op d’Partie drop gemaach huet. E puer Minutte méi spéit konnt den Höler dunn nach op 3:0 erhéijen.
Iwwerdeems hunn Greuter Fürth a Köln sech mat 1:1 getrennt, wärend Union Berlin doheem Mainz däitlech mat 3:1 klappe konnt.
Um Samschdeg den Owend ass et dunn nach zur Partie tëscht Eintracht Frankfurt a Bayern München komm. D’Ekipp vum Julian Nagelsmann huet de Match vun Ufank un an d’Hand geholl a Chance ëm Chance erausgespillt, ma och Frankfurt ass vereenzelt geféierlech virun de Münchener Gol komm. An der 71. Minutt war et dunn den agewiesselte Sané, deen d’Dominanz vun de Bayern mat engem Gol beloune konnt. Duerch dës knapp 1:0-Victoire zu Frankfurt vergréissert sech d’Avance vun de Bayern op Dortmund op 9 Punkten, sou dass de BVB e Sonndeg zu Augsburg elo ënner Drock steet.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.