
Mat dëser Victoire hu si “d’Best-of-seven-Serie” géint d’Ekipp ëm den Anthony Edwards an de Karl-Anthony Towns fir sech decidéiert.
Déi decisiv Spiller bei de Mavericks waren de Luka Doncic, deem mat 36 Punkten an 10 Rebounden e sougenannten “Double-Double” gelongen ass, an de Kyrie Irving, deen och 36 Punkten zu der Victoire bäigesteiert huet.
Dallas steet domat fir d’éischte Kéier zanter 2011 an den NBA-Finals. Deemools haten d’Mavs mam Dirk Nowitzki dee bis ewell eenzegen Titel vun hirer Veräinsgeschicht geholl.
Den éischte Match vun den NBA-Finals 2024 ass de 6. Juni zu Boston.