Reaktiounen no Dramgol géint Real Madrid"De Ball ass perfekt op mäi lénke Fouss komm, hunn einfach nëmmen drop geschoss"

RTL Lëtzebuerg
Fir de Lëtzebuerger Futtball gouf et eng Première. De Sébastien Thill huet nämlech an der Champions League ee Goal geschoss.
Den Dramgol vum Sébastien Thill
Fir de Lëtzebuerger Futtball gouf et eng Première. De Sébastien Thill huet nämlech an der Champions League ee Goal geschoss.

Domadder geet hien an d’Geschichtsbicher vun der FLF an. Do dernieft gouf et fir säi Veräin, Sheriff Tiraspol aus Moldawien, eng 2-1 Victoire beim Real Madrid.

Et gi se nach déi sougenannte Futtballwonner. Um Dënschdeg am legendäre Bernabeu Stadion huet ee Veräin esou ee Wonner erlieft. De klenge moldawesche Veräin Sheriff Tiraspol huet de grousse Real Madrid an deem senger eegener Stuff geklappt. An den zweeten an decisive Gol huet de Sébastien Thill an der 90. Minutt geschoss.

Mir haten Aworf op der Säit. Ech hu gesinn, datt si kee beim 16 Meter stoen haten. A vue que datt ech, wann ech de Corner net selwer schéissen, och an der Recup stinn, hunn ech mech dohinner gemaach. de Ball ass perfekt op mäi lénke Fouss komm an ech hunn einfach nëmmen drop geschoss.

Reaktiounen op den Dramgol vum Sébastien Thill
Fir de Lëtzebuerger Futtball gouf et eng Première. De Sébastien Thill huet nämlech an der Champions League ee Goal geschoss.

An deen Drop Kick ass am Wénkel vum Thibaut Courtois gelandt. Ëmmerhin engem vun de beschte Golkeeper vun der Welt. Real Madrid géint Sheriff Tiraspol dat war am Virfeld. David géint Goliath. D’Moldawen hunn international nach näischt gewonnen. De grousse Real Madrid eleng 13 Mol d’Champions League. Dat ass Rekord. Um Terrain an nieft dem Terrain war dat awer net ze spieren fir de Sébastien Thill a seng Matspiller.

Si waren alleguerten léif. Déi meeschte Spiller vun eis hunn och Trickoten getosch. Hir Brasilianer hu mat eise geschwat. Et war keen arrogant. Et ass awer kee Spiller, dee bei mech komm ass fir ze gratuléieren.

An der Tabell vum Grupp D steet de Sébastien Thill, mat Sheriff Tiraspol, mam Maximum vu 6 Punkten un der Tabellespëtzt. Do hannendru kommen de Real Madrid mat 3 an den Inter Mailand a Donetzk mat allkéiers 1 Punkt. An 2 Woche spillt de Sébastien Thill mat sengem Veräin an der Champions League auswäerts géint den Inter Mailand.

Gol vum Sébastien Thill
....

All d’Thill-Bridder an der Top 10 vu meeschtgesichte Spiller op Transfermarkt.de

Op Transfermarkt.de ass de Sébastien Thill den Dag no der Sensatioun vu sengem Veräin Sheriff Tiraspol an natierlech dem Dramgol géint de grousse Real de meeschtgesichte Spiller um Site. (Stand 9.50 Auer e Mëttwoch)
Kuerz no Mëtteg stoungen déi dräi Bridder esouguer an der Top 5. Den Sébastien op der 1, de Vincent op der 2 an den Olivier op der 4.

Ma och seng zwee Bridder profitéiere vun der Sich nom eelste vun deenen dräi Profispiller. De Vincent Thill ass an der Sich an Däitschland op Plaz 3 an och den Olivier Thill packt et an d’Top 10.

Och déi franséisch Supporter siche vill nom Sébastien Thill. Op Transfermarkt.fr packt hien et ëmmerhin op d’Plaz 2, hei gouf de Recht vun der Famill awer net méi esou heefeg gesicht. Op Transfermarkt.com steet de “Séba” dann op der 5. Plaz, a Groussbritannien op der 10.

Och d’Spuenier selwer wëlle wëssen, wien de Lëtzebuerger ass, deen hirer Spëtzekipp eng batter Néierlag zougefüügt huet. Hei lant de Mëttelfeldspiller vum FC Sheriff op der 6. Plaz.

RTL-News: De Gol vum Sébastien Thill am Replay an d’Resumé vun all den aner Matcher

Back to Top
CIM LOGO