Am Spëtzematch am Grupp A huet de PSG verdéngt mat 2:0 géint d’Ekipp vum Pep Guardiola Manchester City gewonnen. Bruges huet sech iwwerraschend zu Leipzig mat 2:1 duerchgesat.
Am Grupp B huet Liverpool eng 5:1-Victoire zu Porto gefeiert an huet domadder nach kee Punkt ofginn. Den AC Mailand huet duerch en Eelefmeter a leschter Sekonn mat 1:2 géint Atlético Madrid verluer.
Iwwerdeems hu sech am Grupp C Ajax mat 2:0 géint Besiktas an Dortmund mat 1:0 géint Sporting Lissabon duerchgesat.
Am Grupp D huet Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill fir eng Sensatioun gesuergt an 2:1 bei Real Madrid gewonnen. De Lëtzebuerger huet an der 90. Minutt den entscheedende Gol geschoss. Am Match Donezk géint Inter ass kee Gol gefall a béid Ekippe waarden nom 2. Spilldag weiderhin op hir éischt dräi Punkten.
PSG - Manchester City 2:0
1:0 Gueye (8'), 2:0 Messi (74')
Manchester huet direkt vun Ufank u säi Géigner fréi gestéiert an ënner Drock gesat. D’Heemekipp huet awer mat hirem geféierlechen Trio Mbappé, Neymar a Messi séier ëmgeschalt. Mam éischten Ugrëff konnte sech déi Paräisser mat engem Gol belounen. No Virlag vum Mbappé huet de Gueye mat engem schéine Schoss an de Wénkel ofgeschloss.
Nom fréie Géigegol hunn d’Englänner reagéiert a si méi staark an de Match komm. Si hunn iwwer d’Säiten no vir gespillt a koumen duerch de Sterling an den de Bruyne ëmmer rëm virun de Gol. No ronn 25 Minutten hu souwuel de Sterling wéi och de Bernardo Silva awer just d’Lat getraff. Et ass op béide Säite séiere Futtball gespillt ginn, bis zur Paus ass awer kee weidere Gol gefall.
Nom Säitewiessel hunn et béid Ekippen a puncto Golchancë méi roueg ugoe gelooss. De PSG huet sech domadder zefridde ginn, an der Ofwier gutt ze stoen. Manchester City huet vill Ballbesëtz gehat, sinn awer net geféierlech virun de Paräisser Gol komm.
D’Heemekipp huet trotzdeem nach ëmmer op Kontere gelauert an den Neymar huet no 65 Minutten just laanscht de Gol geschoss. Si ass erëm méi staark ginn an no enger flotter Kombinatioun vum Messi an Mbappé huet den Argentinier fir de virentscheedenden 2:0 gesuergt.
An der Schlussphas huet Manchester City weiderhin no vir gespillt, mee et sollt der Ekipp vum Pep Guardiola net méi geléngen e Gol ze schéissen. Nom Remis géint Bruges um éischte Spilldag huet de PSG um Dënschdeg verdéngt géint Manchester City gewonnen.
RB Leipzig - Club Bruges 1:2
1:0 Nkunku (7'), 1:1 Vanaken (24'), 1:2 Rits (41')
AC Mailand - Atlético Madrid 1:2
1:0 Leao (20'), 1:1 Griezmann (84'), 1:2 Suarez (90+5', Eelefmeter)
FC Porto - Liverpool 1:5
0:1 Salah (18'), 0:2 Mané (45'), 0:3 Salah (60'), 1:3 Taremi (75'), 1:4 Firmino (78'), 1:5 Firmino (83')
Ajax - Besiktas 2:0
1:0 Berghuis (17'), 2:0 Haller (43')
Dortmund - Sporting Lissabon 1:0
1:0 Malen (37')
Real Madrid - Sheriff Tiraspol 1:2
0:1 Jakhshibaev (25'), 1:1 Benzema (65', Eelefmeter), 1:2 Thill (90')
Bei Tiraspol stoung de Sébastien Thill vun Ufank un am Santiagio Bernabéu um Terrain. Den Aussesäiter huet de Real an der éischter Hallschent gutt zougestallt an ass iwwerraschend no 25 Minutten a Féierung gaangen. No der Paus war de Real besser an huet duerch en Eelefmeter den 1:1 markéiert. Real huet weider gedréckt, mee duerch e fantastesche Gol vum Lëtzebuerger konnt Tiraspol och den zweete Match an hirer Geschicht an der Champions League gewannen.
Shakhtar Donezk - Inter Mailand 0:0
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.