Champions League FinallDe BVB-Fanclub"Lëtzebuerg Süd" rechent mat enger realer Chance

Tom Hoffmann
E Samschden den Owend spillt Borussia Dortmund d’Champions League Finall géint Real Madrid. Mat dobäi wäerten och Lëtzebuerger Supporter vum BVB sinn.
Champions League Finall
De BVB-Fanclub"Lëtzebuerg Süd” rechent mat enger realer Chance.

Real Madrid géint Borussia Dortmund. Esou heescht Final vun der Champions League, déi e Samschden gespillt gëtt. De klore Favorit ass d’Ekipp aus Spuenien, ma an enger Finall ass bekanntlech alles méiglech. Dat gesäit de Lëtzebuerger Fanclub vum BVB “Lëtzebuerg Süd” och net anescht. Si hoffen, dass um Enn déi Schwaarz-Giel d’Coupe an d’Luucht strecke kënnen. 20 Lëtzebuerger Supporter vum BVB wäerten am Wembley-Stadion mat dobäi sinn, déi sech eng real Chance ausrechnen, fir géint Real Madrid ze gewannen.

Wat geschéie muss, fir géint Real Madrid ze gewannen, hu mir den Nico Würth vum Fanclub gefrot:

Den Nico Wurth
De BVB-Fanclub"Lëtzebuerg Süd” rechent mat enger realer Chance

Back to Top
CIM LOGO