
Bei der Partie Munneref-Fola ass opgefall, datt déi Escher am Virfeld vum Retourmatch an der Conference League vu nächsten Donneschdeg, de Kader komplett dréie gelooss hunn. Et war kee vun den 11, déi dëse Sonndeg ugefaangen hunn, dee leschten Dënschdeg zu Belfast am Onze de Base. D’Ekipp vun der Fola hat och vill ganz jonk Elementer um Terrain.
D’Visiteuren ware no 9 Minutten mam Nenad Dragovic geféierlech. D’Lokalekipp war 11 Minutten a no enger flotter Aktioun realistesch a konnt mam Ibrahim Baradji den 1-0 schéissen.
De Champion vun Esch hat no engem Feeler an der Munnerefer Defense eng 100% Chance, huet awer mam Idir Boutrif just de Potto geroden.
Bis d’Paus ass net méi ganz vill passéiert virun offiziell 673 Spectateuren.
An der 51. Minutt hat de Smail Morabit de Ball vum 2-0 um Fouss. Den Escher Keeper Evan Da Costa huet staark paréiert.
Déi Munnerefer hunn den 2. Gol allerdéngs eng Dose Minutten drop fonnt no engem Corner. De Pedro Neves Da Costa huet mam Kapp markéiert.
An der 82. Minutt krut den Escher Golkeeper Da Costa déi Rout Kaart a well déi Escher schonn 3 Mol ausgewiesselt haten, ass Veldin Muharemovic, e Spiller, an de Goal gaangen.
D’Fola hat nach eemol an der 87. Minutt Pech well mam Rodrigo Perreira nees nëmmen de Potto gerode gouf.
An der 90. Minutt war et nach eemol hektesch ginn an de Munnerefer Trainer Arno Bonvini krut rout.
D’Victoire vun der Lokalekipp ass allgemeng net geklaut.
D’Escher Jeunesse hat doheem beim 5:0 keng Problemer géint den RM Hamm Benfica.

US Hueschtert an den FC Rodange trenne sech mat 3:1.

Unioun Titus Péiteng muss sech mat 1:2 géint d’Una Stroossen geschloe ginn.
D’Ettelbrécker Etzella verléiert doheem mat 1:3 géint Victoria Rouspert.
E Samschdeg den Owend goufe schonn déi éischt zwou Partië gespillt. Hei goung et chaotesch zou. Den Derby tëscht dem Progrès Nidderkuer an dem FC Déifferdeng 03 ass wéinst dem ville Reen net op en Enn gespillt ginn. Am zweete Match huet Hesper mat 3:0 géint de Racing gewonnen.