Eng Aventure voller EmotiounenDe Flavio Giannotte um Qualifikatiounstournoi fir Olympia am Fechten

RTL Lëtzebuerg
Et sinn nach 84 Deeg bis d'Olympesch Spiller zu Paräis ufänken. De leschte Weekend war den europäesche Qualifikatiounstournoi am Fechten zu Déifferdeng.
Eng Aventure voller Emotiounen
De Flavio Giannotte ass um Qualifikatiounstournoi fir Olympia am Fechten ugetrueden.

31 vun deene beschten Épée- Fechter aus ganz Europa hunn op déi lescht Plaz fir d’Olympesch Spiller 2024 gehofft. Dorënner och de Lëtzebuerger Fechter Flavio Giannotte, deen deemno doheem un dësem Turnéier deelgeholl huet an zanter véier Joer op dës Chance gehofft huet. Um Enn sollt et fir hien net duergoen. An der Véierelsfinall huet hie sech misse geschloe ginn.

Mir hunn de Flavio Giannotte esouwuel den Dag virun deem decisiven Tournoi, den Dag selwer an an deenen éischten Amenter duerno suivéiert.

Back to Top
CIM LOGO