DäitschlandDe fréiere Profiboxer a Reality-Star René Weller ass dout

RTL Lëtzebuerg
An den 80er Joren huet hie sech als Boxer een Numm gemaach. No enger laanger Demenzkrankheet ass de René Weller elo verstuerwen.
De René Weller bei Olympia am Joer 1974.
De René Weller bei Olympia am Joer 1974.
© SID

De féiere Profiboxer René Weller ass am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Beim Däitsche war 2014 eng Demenz diagnostizéiert ginn a e wier schonn e Méindeg un de Suitte vun der Krankheet gestuerwen. Dat huet seng Fra der “Bild-Zeitung” confirméiert.

De René Weller huet 1983 de WM-Titel am sougenannten “Superfedergewicht” bis 58,967 Kilo gewonnen an dat Joer duerno fir d’éischte Kéier den EM-Titel am sougenannten “Leichtgewicht” bis 61,235 Kilo. No senger Karriär war de Boxer e puer mol am Konflikt mam Gesetz a souz ënner anerem och bal fënnef Joer am Prisong wéinst Kokain-Handel an onerlaabtem Waffebesëtz.

Méi spéit war de René Weller zesumme mat senger Fra Maria och ëmmer nees an däitsche Reality-Shows ze gesinn. Si huet hire Mann déi lescht Joren doheem gefleegt. Der “Bild” sot dem René Weller seng Fra an enger Reaktioun op hirem Mann säin Doud: “Ech hunn hie goe gelooss an et war an de leschte Woche ganz schwéier. Hien huet gejaut, hien hat Péng.”

Back to Top
CIM LOGO