Vill Veräiner kommen un hir LimittenDe Gérard Lopez iwwer d'Corona-Kris am Futtball

RTL Lëtzebuerg
Zanter Woche gëtt wéinst der Corona-Kris bei eis an och an den Nopeschlänner kee Futtball méi gespillt.
De Gérard Lopez iwwer d'Corona-Kris am Futtball
Zanter Woche gëtt wéinst der Corona-Kris bei eis an och an den Nopeschlänner kee Futtball méi gespillt.

Vill professionell Veräiner dierften un hir finanziell Limitte kommen. A Frankräich gouf elo ee Krise-Cabinet gegrënnt, an deem och de Gérard Lopez mat dran ass.

De Gérard Lopez iwwer d'Corona-Kris - Rep. Rich Simon

De Lëtzebuerger ass jo President vu Lille. De Club aus dem Norde vu Frankräich steet den Ament op der 4. Plaz an der Tabell. Am Krise-Cabinet sinn 8 vun am Ganzen 20 Veräiner aus der Ligue 1 dran. An dat well déi Veräiner 85 Prozent vum Chiffre d'Affaire aus der ieweschter Divisioun vum franséische Futtball ausmaachen. Seet de Gérard Lopez: "Et ass net, dass déi aner vun eis net respektéiert ginn. Et ass einfach, dass mir eis mat eise Relatiounen a Reseauen no vir kënne schaffen an dann deenen anere Clibb an der Federatioun an der Liga Solutioune proposéieren an net nëmmen einfach Diskussioune féieren, mä pragmatesch op Saache schaffen."

De Krise-Cabinet, an deem de Gérard Lopez dran ass, soll virun allem kucken, wéi een déi Situatioun, wéi se elo ass, am Beschte gemeeschtert kritt: "Dass mir awer iergendwéi nach Revenue erakréie bis Enn der Saison. Zweetens wann dat net sollt de Fall sinn, op deem Niveau dee mir eis erwaart haten, ee Parachute hunn deen de Clibb kann hëllefen, duerch déi Situatioun derduerch ze kommen. An dat Lescht ass op Basis wat d'FIFA an d'UEFA decidéieren, effizient un engem Kalenner ze schaffe fir eng eventuell Reprise."

De Gérard Lopez seet, dass Lille, säi Club also,  mat am zolittsten do stinn: "Mä et ass kloer, dass dat heiten eng onerwaart Situatioun ass an dass och mir eis mussen adaptéieren elo kuerzfristeg iwwer déi nächste Wochen a villäicht Méint. Dat heescht et ass een elo an enger Krise-Management-Situatioun fir de globale Futtball, de franséische Futtball. Am Kader vu Lille si mir einfach an enger Gestion de bon père de famille an ze geréiere mat deem wat mir wëssen."

De Gérard Lopez hofft, dass ee villäicht och gestäerkt aus dëser Situatioun eraus kënnt.

Back to Top
CIM LOGO