
A weider:
"Onofhängeg vun de Reaktiounen op d'Resultat vun dëser Competitioun verdéngt dat, wat Dir erreecht hutt, grousse Respekt a mécht e ganzt Land houfreg.
Ech sinn iwwerzeegt, datt dës Well vu Soutien an Encouragement Iech och bei Äre weidere sportlechen Ambitioune begleede wäert. Är formidabel Leeschtung léisst op eng Zukunft mat ville weidere sportlechen Erfolleger hoffen."
De Grand-Duc huet senge Félicitatiounen och un d'Ekipp vun der Marie Schreiber geriicht an hinnen alles Guddes fir déi nächst Kompetitioune gewënscht.