Basketball - EuroCup bei den DammenDe Gréngewald verléiert den Optakt mat 59:76

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet de BBC Gréngewald Hueschtert den éischte Match an der Gruppephas vum EuroCup gespillt.
Enttäuschend Néierlag vum Gréngewald géint Brno
De Gréngewald hat sech am Virfeld eng Victoire erhofft, hat awer kee gudden Owend a verléiert um Enn däitlech op 17 Punkten.

Géint Tany Brno aus Tschechien gouf et um Enn eng 59:76-Defaite.

Mam Marie-Bernadette Mbuyamba huet eng nei Profispillerin beim Gréngewald gespillt. De Start an de Match ass der Heemekipp allerdéngs net gegléckt. Séier war de Lëtzebuerger Champion mat 3:12 hannen.

Ganz staark war dunn d’Reaktioun am zweete Véierel, deen de Gréngewald mat 21:13 gewanne konnt an an der Paus war d’Lokalekipp bei 34:41 nees am Match.

An der zweeter Hallschecht huet et un der néideger Reussite gefeelt, fir sech nach emol op Aenhéicht erunzekämpfen. Um Enn hu sech d’Gäscht aus Tschechien mat 76:59 duerchgesat. Déi meeschte Punkte beim Gréngewald hat d’Lauren Van Kleunen mat 21.

E Mëttwoch hat den T71 Diddeleng 71:97 a Spuenien géint Spar Girona verluer. Nächst Woch spillt de Gréngewald Mëttwochs an der Tierkei, Diddeleng ass donneschdes doheem géint eng Ekipp aus der Slowakei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO