Fir de gudden ZweckDe Luc Scholtes ass zu London ukomm

RTL Lëtzebuerg
De passionéierte Cyclist ass fir de gudden Zweck mam Vëlo vu Wolz bis virun de Wembley gefuer.
© Luc Scholtes

Ronn 520 Kilometer an 3800 Héichtemeter huet de President vum BVB Fanclub aus dem Norden a ronn 23 Stonne vun e Mëttwoch bis e Freideg hannert sech bruecht. Natierlech wëll de Luc Scholtes seng Ekipp zu London am Wembley ënnerstëtzen, gläichzäiteg huet hien awer och eppes fir de gudden Zweck gemaach. An Zesummenaarbecht mat “well:fair”, der Stëftung vum fréiere BVB-Spiller Neven Subotic, sammelt hie Suen, fir de Mënschen an Afrika den Zougang zu Waasser ze erméiglechen.

Alleguer d’Informatiounen zum Projet vum Luc Scholtes fannt Dir op www.bike4water.lu.

Back to Top
CIM LOGO