
Borussia Dortmund kann ee weidert Joer mam Kapitän Marco Reus plangen. Den 33 Joer alen däitschen Nationalspiller huet säi Kontrakt ëm eng weider Saison verlängert. “Ech hu grouss Loscht, weider mäi Bescht fir dee Veräin ze ginn, fir deen ech scho mäin halleft Liewe laang spillen”, sot de Reus. Dës Saison huet hien nach d’Chance, fir d’éischte Kéier a senger Karriär däitsche Futtball-Champion ze ginn. Fënnef Spilldeeg viru Schluss steet de BVB un der Spëtzt vun der Bundesliga, ee Punkt viru Bayern München.