Kongress vun der FuttballfederatiounDe Paul Philipp bleift President vun der FLF

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie war zu Stroossen den uerdentleche Kongress vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun.

FLF-Kongress / De Reportage vum Franky Hippert

De Paul Philipp ass den alen an neie President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Den 71 Joer ale Philipp huet sech e Samschdeg de Moien um 104. Kongress vun der FLF zu Stroossen géint säi 45 Joer alen Erausfuerderer Claude Kremer duerchgesat.

Paul Philipp am RTL-Interview

De President sortant gouf mat 433 vu 735 Stëmmen zeréckgewielt, dat sinn 58,9 Prozent. De Paul Philipp sëtzt schonn zanter 18 Joer um Presidentestull vun der gréisster Sportfederatioun am Land a bleift elo och nach déi nächst 4 Joer op deem Posten.

Claude Kremer am RTLInterview

Da goufen awer och nach 5 nei Membere fir an de Conseil d’Administration gewielt. Do hate sech insgesamt 10 Leit gemellt. Gewielt goufen de Christian Weis, d’Carine Nardecchia, den Nicolas Schockmel an de Marco Richard. Am zweete Walgang huet sech dunn den Tun Mestre géint d’Barbara Agostino duerchgesat. D’Mandater gëlle fir 4 Joer.

Net méi zeréckgewielt gouf den Henri Mausen, an och net an de Conseil koumen de Jacques Wolter, de Guy Lamesch an d’Carol Braganca.

Op finanziellem Plang gëtt d’Joer mat engem Benefice vun 244.000 Euro ofgeschloss. Am leschte Geschäftsjoer si ronn 1,5 Milliounen Euro Subventiounen un d’Veräiner ausbezuelt ginn. De Budget, mat deem bei der FLF fir dat nächst Joer geschafft gëtt, läit bei ronn 8,6 Milliounen Euro.

De Sportminister Georges Engel huet a senger Ried op d’Wichtegkeet vum Sport an der Gesellschaft higewisen. Am Ganze sinn 19.500 Leit am Benevolat engagéiert. Déi leeschte ronn 4,4 Milliounen Aarbechtsstonnen am Joer. D’FLF huet 112 Veräiner mat 999 Ekippen.

Paul Philipp bleift President vun der FLF
E Samschdeg de Moie war zu Stroossen den uerdentleche Kongress vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun.

RTL-Artikel: Méigleche Wiessel un der FLF-Spëtzt? Den Dammen- an de Jugendfuttball si wichteg Punkte fir de Paul Philipp
RTL-Artikel: Lëtzebuerger Futtballfederatioun: Ween ass de Claude Kremer, Géigekandidat vum Paul Philipp?

Back to Top
CIM LOGO