U23 Schwamm-EMDe Ralph Daleiden-Ciuferri gëtt den 3. iwwer 100 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
Op der U23-Europameeschterschaft am Schwammen zu Dublin hat de Lëtzebuerger sech als Beschte fir d'Finall qualifizéiert.
© FLNS

An der Finall ass den Daleiden-Ciuferri du mat enger Zäit vun 49 Sekonnen a 6 Honnertstel op déi 3. Plaz komm. Virun him ware just den US-Amerikaner Patrick Sammon (48.53 Sekonnen) an de Britt Edward Mildred (48.90 Sekonnen).

An der Qualifikatioun iwwer 100 Meter Crawl war den Daleiden-Ciuferri ënnert 49 Sekonne bliwwen, dat mat enger Zäit vun 48 Sekonnen an 83 Honnertstel. Dat war och déi bescht Zäit aus de Serien, sou dass hie sech fir d’Finall qualifizéiere konnt.

Um Samschdeg hat och schonn de Rémi Fabiani iwwer 50 Meter Crawl eng exzeptionell Zäit realiséiert. Mat 22 Sekonnen an 9 Honnertstel huet hien den nationale Rekord reegelrecht pulveriséiert.

Back to Top
CIM LOGO