FC Luxembourg CityDe Stater Veräin presentéiert säin neie Logo

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den RM Hamm Benfica sech den 10. Mee an FC Luxembourg City ëmbenannt huet, gouf e Sonndeg den neie Logo vum Veräin presentéiert.

Op de sozialen Netzwierker schreiwen déi Verantwortlech vum Stater Veräin, datt den neie Logo e wichtege Schrëtt a Richtung Neiufank vum Veräin wier. Den neie Logo géif souwuel d’Vergaangenheet vum fréiere Fusiounsveräin, souwéi och d’Zukunft vum Veräin als “de Veräin vun de Stater Quartieren” kombinéieren.

Am Logo si vill Referenzen un d’Fusiounsveräiner vum RM Hamm. Esou fanne sech souwuel d’Form wéi och d’Faarwe vum ale FC Hamm 37 Logo am neie Wopen erëm, souwéi de Fändel vum FC Mansfeldia Clausen. Domat net genuch, goufen och de Ball vum FC Rapid Neudorf souwéi och déi blo Faarwe vum FC Blue Boys Muhlenbach am Logo verschafft. Doriwwer eraus ass d’Wope majoritär Rout gehalen, wat d’Faarf vum RM Hamm duerstelle soll. Zulescht ass nach d’Clausener Bréck am Wope representéiert, wat déi véier Stater Quartieren (Clausen, Hamm, Neiduerf a Millebaach) duerstelle soll.

Weider huet de Veräin och säi Motto geännert, dee vun elo un “Mir aus der Stad” heescht.

Back to Top
CIM LOGO