
Den 38 Joer ale Wayne Rooney gouf den 11. Oktober als Nofollger vum John Eustace als Trainer vu Birmingham City virgestallt. Deen Ament stounge se op Plaz 6 an der zweeter Liga (Championship).
Mëttlerweil si se bis op Plaz 20 zeréckgefall, dat no der 0:3-Defaite géint Leeds e Méindeg. Dat war déi 9. Néierlag am 15. Match ënnert dem Rooney a sollt dann och net ouni Konsequenze bleiwen.
En Dënschdeg huet de Veräi matgedeelt, dass de Rooney entlooss gouf.
Als Interim iwwerhëlt de Steve Spooner elo mol den Trainerposten.