TennisDéck Surprise zu Roland Garros: Gaston geheit Wawrinka eraus
Den nach éischter onbekannte Fransous Hugo Gaston huet sech a 5 Sätz 2:6, 6:3, 6:3, 4:6 a 6:0 géint de Stan Wawrinka aus der Schwäiz duerchgesat.
Verëffentlecht: 02.10.20 19:23, Update: 02.10.20 20:01
De Gaston ass Nummer 239 an der Weltranglëscht.
Den 20 Joer jonke Fransous kritt et elo an der 8. Final mam Éisträicher Dominic Thiem, Nummer 3 am ATP-Ranking an Gewënner vun de leschten US Open, ze dinn.