Futsal Champions LeagueDéifferdeng steet no 6:0-Victoire an de 1/16-Finallen

Yannick Zuidberg
Den FC Déifferdeng huet London Helvecia mat enger staarker Leeschtung keng Chance gelooss an zitt sou an déi nächst Ronn an.
De Resumé vum Match Déifferdeng - London Helvecia
Den FC Déifferdeng huet London Helvecia mat enger staarker Leeschtung keng Chance gelooss an zitt sou an déi nächst Ronn an.

De Sonndeg de Mëtteg huet d’Futsal-Ekipp vum FC Déifferdeng 03 am Tour préliminaire vun der Champions League géint den englesche Champion London Helvecia gespillt. Wéinst de Covid-Mesuren zu Lëtzebuerg ass den Indoor-Ekippe-Sport am Grand-Duché allerdéngs verbueden. Dofir huet den FC Déifferdeng 03 séier eng Alternativ misse fannen.

Déi Déifferdenger waren dann och vun Ufank u spillbestëmmend. Si waren an der Offensiv méi kreativ a koumen esou zu gudde Chancen.

No knapp 13 Minutten an der éischter Hallschent ass d‘Ekipp aus dem Grand-Duché dunn duerch de Fred a Féierung gaangen. An der zweeter Hallschent hunn déi Déifferdenger den Tempo dunn nach eemol richteg ugezunn. Si hunn elo all Feeler ausgenotzt, hir Chancë verwäert an de Score ëmmer weider an d‘Luucht geschrauft. Spéitstens nom 5:0 ronn 9 Minutte virum Enn war d‘Decisioun gefall.

Um Enn wënnt den FC Déifferdeng 03 mat 6:0 géint London a schreift domat Geschicht. Als éischt Lëtzebuerger Ekipp sti déi Déifferdenger an der Ronn vun de leschten 32 an der Futsal Champions League an dat héichverdéngt.

Back to Top
CIM LOGO