Coupe de LuxembourgDéifferdeng wënnt Derby, Miersch schockt Wolz

Kevin Kayser
De Munnerëffer sollt ee Gol duergoen, fir de Racing ze eliminéieren a Rouspert huet an der Verlängerung Diddeleng erausgehäit.

Um Mëttwoch waren déi lescht aacht Ekippen, déi sech fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert haten, am Asaz. Um Schluss konnte sech Déifferdeng, Rouspert a Munneref aus der BGL Ligue a Miersch aus der Éierepromotioun fir d’Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg qualifizéieren.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

FC Déifferdeng 03 - Progrès Nidderkuer 3:2
1:0 Naïfi (30'), 2:0 Ambrosio Simoes (38'), 2:1 Filet (40'), 3:1 Ambrosio Simoes (74'), 3:2 Luisi (79')

Am Derby aus der Déifferdenger Gemeng hat den FC de Progrès op Besuch. Déifferdeng hat d’Partie gutt ugefaangen, ma huet den Tempo net laang oprecht gehalen. Nom 1:0 fir d’Heemekipp, deen den Naïfi no enger hallwer markéiert huet. Dono koum eng weider Drockphas vun den Déifferdenger, an den Ambrosio Simoes huet seng Faarwen dann och mat 2:0 an der 38. Minutt belount. Laang huet d’Freed awer net gedauert, well zwou Minutte méi spéit huet de Filet mat der éischter Chance vu senger Ekipp an dësem Match sengem Numm all Éier gemaach an zum 1:2 agenetzt. Mat deem Score ass et dann och an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel stoung Déifferdeng gutt an huet den Nidderkuerer net vill Chance gelooss. No 74 Minutte konnt d’Heemekipp vun engem Ballverloscht profitéieren an huet den Ecart duerch den zweete Gol vum Ambrosio Simoes op 3:1 ausgebaut. Ma et sollt nach spannend 10 lescht Minutte ginn, well de Progrès huet no 79 Minutten duerch de Luisi nees den alen Ecart nees hiergestallt. Et sollt awer beim 3:2 fir Déifferdeng bleiwen, déi sech domadder an der Spëtzepartie vun dëser Spillronn duerchsetzen.

Marisca Miersch - FC Wolz 71 3:1
1:0 Bresch (8'), 1:1 Romeyns (51'), 2:1 Bresch (52'), 3:1 Meyong (86')

© Roland Miny

D’Coupe huet traditionell seng eege Gesetzer. A mat deem klassesche Futtballsproch ass Miersch aus der Promotioun och géint den FC Wolz aus der Nationaldivisioun ugetrueden. No 8 Minutte sinn déi Mierscher schonn duerch de Bresch a Féierung gaangen, vill weider geféierlech Aktioune sinn awer ausbliwwen. Esou ass et dann och mat deem Score an d’Paus gaangen. Kuerz nom Téi huet e Corner vun der Wëlzer den Ausgläich duerch de Romeyns gefouert, ma déi Mierscher hunn direkt mam nächsten Ugrëff geäntwert an den alen Ecart nees hiergestallt. Wolz huet an der zweeter Hallschent probéiert, fir méi Drock ze maachen an de Match ze dréinen, ma e Gol ass hinnen net gelongen. Hir Hoffnung op e Weiderkommen huet de Meyong an der 86. Minutt futti gemaach, wéi hie vun engem Ballverloscht profitéiert huet an op 3:1 fir d’Mierscher gesat huet. Dobäi sollt et dann och bleiwen.

F91 Diddeleng - Victoria Rouspert 2:3 no Verlängerung
0:1 Van Lingen (28'), 1:1 Magno (37'), 1:2 Steinbach (45'), 2:2 Magno (83'), 2:3 Bouché (100')

© Usch Thommes

Et war e bëssen an hin an hier an der éischter Hallschent tëscht Diddeleng a Rouspert. D’Gäscht konnten no 28 Minutte vun engem Diddelenger Feeler profitéieren an de Van Lingen huet den 1:0 markéiert. 10 Minutte méi spéit taucht de Magno no gudder Virlag eleng virum Gol op an huet sech den Ausgläich net huele gelooss ma nach virun der Paus huet e weidere Ballverloscht vun den Diddelenger dem Steinbach d’Méiglechkeet ginn, fir déi Rousperter nees e Féierung ze bréngen. Déi Diddelenger hu sech och an den zweete 45 Minutte schwéier gedoen an huet huet bis zu der 83. Minutt gedauert, wéi de Magno säin zweete perséinleche Gol geschoss, dëst d’Kéier per Conter, a seng Ekipp domadder an d’Verlängerung gerett huet.

No genau 100 Minutten awer waren et nees d’Gäscht, déi eng weider Kéier den Avantage an dëser Partie haten. En Diddelenger Ballverloscht, eng gutt Pass an den an Zeen gesate Bouché huet aus ronn 16 Meter den 3:2 fir Rouspert markéiert. Der Heemekipp sollt et keng weider Kéier geléngen, de Réckstand opzehuelen, esou datt Rouspert e bëssen iwwerraschend zu Diddeleng wënnt an an der Halleffinall steet.

US Munneref - Racing Lëtzebuerg 1:0
1:0 Taarmite (30')

© Christophe Mersch

De Racing war an den éischte Minutten déi besser Ekipp, huet et awer verpasst, e Gol ze markéieren. Munneref huet et besser gemaach, well si konnte vun hirer Drockphas a Persoun vum Taarmite profitéieren an a Féierung goen. Dëst sollt dann den eenzege Gol an dëser Partie bleiwen, esou datt Munneref an d’Halleffinall anzitt.

Back to Top
CIM LOGO