CyclissemDem Chris Froome säi Kontrakt bei Ineos gëtt net verlängert

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Zeitung L'Équipe um Donneschden de Moie matgedeelt.

Et ass nach net gewosst, wou de 35 Joer ale Britt déi nächst Saison wäert fueren.

De Chris Froome huet 4 Mol den Tour de France gewonnen: 2013, 2015, 2016 an 2017. Dobäi huet hien och nach den Giro d'Italia 2018 an d'Vuelta a España 2011 an 2017 gewonnen.

Den éischten Informatiounen no wäert de brittesche Coureur bei d'Ekipp "Israel Start-Up Nation" wiesselen, wou hien als Team-Leader untriede géing.

Back to Top
CIM LOGO