
Mam Anthony Moris bei der Union Saint Gilloise ass och ee Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller mat dobäi. De Club aus der belscher Haaptstad kritt et mat Bayer Leverkusen ze dinn.
No der souveräner Qualifikatioun fir d’Europa-League-Aachtelsfinall als Éischten am Grupp D huet d’Union Saint Gilloise ronderëm de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris Union Berlin a leschten Tour eliminéiert. Elo steet mat Bayern Leverkusen ee weider Géigner aus der däitscher Bundesliga um Programm. Fir de RTL-Expert Paul Philipp gëtt des Partie ee ganz anere Match wéi dee géint d’Ekipp aus der däitscher Haaptstad.
“Ech mengen, datt et vill méi schwéier gëtt, wéi géint Union Berlin. Leverkusen ass eng komplett aner Ekipp. Wat d’Union Saint Gilloise gutt gemaach huet géint Union Berlin, war, datt si hinnen de Ball gelooss hunn an hunn vun de Ballverloschter profitéiert. Den Trick geet géint Bayer Leverkusen net. Si sinn eng technesch an vun den Individualitéiten hier eng besser Ekipp wéi Union Berlin. Leverkusen ass gewarnt a menger Meenung no Favorit.”
Am belsche Championnat leeft et fir de fréiere Veräin vum Paul Philipp richteg gutt. Mat 9 Matcher ouni Néierlag steet d’Union Saint Gilloise ee Spilldag viru Schluss scho sécher ënnert de beschte 4 Ekippen am Championnat a wäert an der Suite an de Playoffs em de Championstitel mat spillen. Nom Opstig virun der leschter Saison gëtt momentan och iwwert een neie Stadion spekuléiert.
“Et ass natierlech eng riseg Euphorie do, well et däerf een net vergiessen, datt si och nach am Coup sinn, fir belsche Champion ze ginn. Dat an enger Saison, déi meeschtens déi schwéiersten ass, well een d’Leeschtungen aus dem Joer virdru muss confirméieren. An dat maache si. Wien hätt dat geduecht, datt d’Union Saint Gilloise bis an d’Véierelsfinall vun der Europa League géing kommen? Ech hoffen, de Wee ass och nach net eriwwer. Si sinn och am Gaang ze kucken, fir an een neie Stadion ze plënneren.”
Den Anthony Moris huet alles anescht wéi eng einfach Zäit hannert sech. Trotzdeem hunn och zwee Kräizbandrëss den 32 Joer alen Golkipp net dovun ofgehalen, säin Dram als Profi-Fussballer ze verwierklechen. Dëst Joer stoung hie 46 Mol fir d’Union Saint Gilloise um Terrain an huet och ee groussen Undeel un hirem Succès.
“Den Anthony weess, vu wou e kënnt a wou hie virun 3-4 Joer war. Hien hat d’Kräizbänner futti a war an engem Veräin, wou Problemer waren, wat d’Kontrakter ubelaangt. Hie gouf d’lescht Joer als beschte Golkipp aus der belscher Liga ausgezeechent. Lo spillt hie Véierelsfinall an der Coupe d’Europe. All dat wat him elo geschitt, kann een him vergonnen,well hien huet sech et selwer erschafft.”
Déi aner Partien an der Véierelsfinall vun der Europa League heesche Feyennoord Rotterdem géint d’AS Roum, Juventus Turin géint Sporting Lissabon a Manchester United géint de FC Sevilla.