Mir stellen Iech d’Athlete virDen éischten offizielle paralympesche Kader an der Lëtzebuerger Geschicht

Isabelle Henschen
Grond dofir, dass elo en offizielle paralympesche Kader ernannt ginn ass, ass en neit Sportsgesetz, wat en erweiderten Encadrement erméiglecht.
© Isabelle Henschen / RTL

Néng Athletinnen an Athleten aus sechs verschiddenen Sportaarte sinn am Lëtzebuerger Paralympesche Kader 2024 vertrueden. Dovunner fënnef am Elitekader a véier am Promotiounskader.
Elitekader 2024

  • Joël Adams – Para Vëlossport
  • Tom Habscheid – Para Liichtathletik ( Bommstoussen)
  • Katrin Kohl - Para Liichtathletik (Rennrollstull)
  • Joé Kurt – Para Triathlon
  • Steve Nothum – Para Sportschéissen

Promotiounskader 2024

  • Philippe Hein – Para Dëschtennis
  • Roberto Lomba – Para Judo
  • Massimo Saputo – Para Liichtathletik (Sprint)
  • Matteo Scuto – Para Dëschtennis

De Lëtzebuerger Paralympesche Comité (LPC) ass de Sportverband, dee sech fir de Leeschtungs- a Breedesport vun de Mënsche mat Behënnerungen asetzt. Den LPC vertrëtt d’Interête vun Athletinnen an Athlete mat enger Behënnerung a huet sech zum Zil gesat, de Behënnertesport am Grand-Duché weider ze entwéckelen. D’lescht Joer huet den LPC hire 50. Anniversaire gefeiert. 1973 ass d’Fédération Sportive Luxembourgeoise des Handicapés gegrënnt ginn. 1975 ass en am COSL opgeholl ginn.

Méi zum Thema fannt Dir hei an engem Reportage vum leschte Joer.

Iwwerbléck vun de Resultater op de Paralympesche Spiller

De leschte Paraathlet, deen de Grand-Duché op Paralympesche Spiller vertrueden huet, ass de Liichtathlet Tom Habscheid. Op de Paralympesche Spiller zu Tokio am Summer 2021 huet hien déi 4. Plaz am Bommstoussen erreecht.

Medailen op Paralympesche Spiller sinn et och scho fir de Grand-Duché ginn: Marco Schmit 1980 Bronz iwwert 100 Meter Kategorie E1 (Liichtathletik), Henri Kaudé 1984 Gold am 25 Meter Réckschwammen Kategorie C6, 1984 Sëlwer am 25 an och 50 Meter nage libre Kategorie C6. Mathias Bingen 1984 Sëlwer am 100 Meter Kategorie L5 (Liichtathletik), Marcel Kockelmann 1984 Bronz am Gewiichthiewe Kategorie <75kg.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO