
An der Futtball Champions League spillt den F91 Diddeleng um Dënschdeg den Owend um 18 Auer den Allersmatch am zweeten Tour vun der Qualifikatioun bei Pyunik Jerewan. Vill Zäit haten déi Responsabel vum Lëtzebuerger Champion net, dat Deplacement ze organiséieren.
De leschten Dënschdeg huet sech den F91 mat enger Victoire am Retourmatch beim FK Tirana definitiv fir déi zweet Ronn qualifizéiert. E Mëttwoch den Owend war een no enger laanger Rees eréischt aus Albanien erëm, an och eréischt do goufen déi Diddelenger gewuer, géint wien et géif weider goen, well Jerewan op deem Dag nach géint Cluj gespillt huet. Et hat een dunn u sech just nach 3 Deeg fir d’Deplacement an déi armenesch Haaptstad ze plangen an ze organiséieren, de Manou Goergen, Coordinateur Sportif vum F91.
Manou Goergen: “Dat wat méi schwéier war, ass de Vol gewiescht. Iwwer kommerziell Flich hate mer keng Méiglechkeet dohin ze kommen, op jidferfall net fir esou e grousse Grupp vu 45 Leit. Du si mer op de Wee vun engem Charter gaangen, well dat am Endeffekt déi eenzeg Méiglechkeet war, fir nach mat Zäiten dohin ze kommen. Well et ganz kuerzfristeg war, gëtt et natierlech och deier, an ënnert dem Stréch wäerte mer an dëser Ronn méi ausginn, wéi mer era kréien.”
E weidere Problem ass, datt d’Spiller an déi Responsabel vum Club hire normale Congé mussen huelen. Congé Sportif ass am Fall vu Veräinsequippen nach ëmmer net virgesinn, an et goufen esouguer Spiller, déi vun hirem Patron net fräigestallt goufen.
Manou Goergen: “Do gerode mer natierlech un eis Limitten. Do ware Spiller a Responsabel déi kee Congé méi haten, nach net vun hirem Patron fräigestallt konnte ginn.”
Wat dat sportlecht ugeet, weess een, datt et net einfach gëtt. De Géigner ass awer analyséiert.
Manou Goergen: “Um Réckwee aus Albanien hu mer de Match vu Jerewan géint Cluj am Bus gekuckt. Eis Trainer sinn dunn an den Detail gaangen. Mir denken datt se e bësse méi staark si wéi Tirana.”
De Benevolat stéisst fir déi Responsabel vun de Veräiner bei esou europäesche Kompetitioune méi wéi u seng Grenzen. Do muss an Zukunft eppes geschéien, seet de Manou Goergen.
De Retourmatch géint Pyunik ass d’nächst Woch heiheem. Den Allersmatch am 3. Tour wär fir d’éischt den 2. oder 3. August a Serbien.
Sollt de Stater Racing an der Conference-League-Qualifikatioun an den drëtten Tour kommen, da géifen déi Stater et do mat Twente Enschede aus Holland ze di kréien. Elo an der zweeter Ronn spillt d’Ekipp vum Verluerekascht emol en Donneschdeg, an déi Woch drop, géint Cukaricki aus Serbien.