
Leider huet deemools d’Pandemie e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Villäicht grad sou gutt, well Wuermer konnt sech dës Saison fir déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht fir eng Coupe-Finall bei den Häre qualifizéieren. E Mëttwoch den Owend geet et an der Finall vun der Coupe FLF géint den FC Jeunesse Schieren.
Den FC Koeppchen Wuermer gouf 1919 gegrënnt an ass 20 Joer méi spéit dem Lëtzebuerger Futtball-Verband bäigetrueden. Duerch d’Pandemie hunn d’Feierlechkeete missen no hanne geréckelt ginn. Am Mäerz d’lescht Joer konnt de Veräin vun der Musel schonn eng gutt besichten Expo iwwert hir Geschicht organiséieren. Fir dëst Joer sinn awer weider Festivitéite geplangt, esou de President vum FC Koeppchen Wuermer, de Pit Sadler.
“Dëst Joer hu mir um sportleche Programm den Youth Cup, en internationalen Tournoi fir d’Kategorie Jeunes Filles (U15) an Pupillen (U9). Dann hu mir nach ee grousse Gala-Match géint FC Mortagua, eng Ekipp aus enger Gemeng, déi jumeléiert ass mat eiser Gemeng. Um kulturelle Plang hu mir nach eng Soirée Academqiue Enn September am Centre Culturel geplangt. Do gi mir dann nach eng Kéier op d’Geschicht vum Veräin an a wou och nach Kéier all deene Membere Merci gesot gëtt, déi gehollef hunn, datt de Veräin besteet an hoffentlech erfollegräich weiderschafft.”
No 20 Joer als aktive Spiller huet hie sech 2017 dozou entscheet, an de Kommitee ze goen, wou hien zanter Juli lescht Joer de President ass. Mat senge 34 Joer wollt hien dem Veräin eppes zeréckginn an aktiv un der Gestaltung vum Club matschaffen. Eppes wat kuerzfristeg scho seng Friichte gedroen huet. No den zwou Halleffinallen an der Coupe de Luxemburg Enn den 90er Jore konnt sech déi éischt Ekipp vu Wuermer dëst Joer fir d’Finall vun der Coupe FLF qualifizéieren. E risege Succès fir de Veräin.
“En éischt Joer als President vun engem Veräin mat enger Finall ofzeschléissen, ass natierlech en Dram. Dat ass eppes, wat mir eis ni erdreemt hätten an et ass ee risen Event fir dee ganze Club. Et ass déi éischt Finall bei den Hären an der Geschicht vum Veräin. Natierlech hoffe mir, datt sou vill wéi méiglech Leit eis ufeiere kommen, fir datt eis Jongen d’Coupe mat op Wuermer kënne bréngen.”
Dëse Weekend steet komplett am Zeeche vun der Jugend beim FC Koeppchen Wuermer. De Veräin organiséiert de “Koeppchen Youth Cup” an de Kategorië Pupillen a Jeunes Filles. Vill grouss Ekippe wäerte mat dobäi sinn. Fir eng gutt Organisatioun an ee gudden Oflaf vum Turnéier kann de Pit Sadler op vill Benevoller zielen.
“Mir sinn immens houfreg, datt mir vill international Ekippe konnten ulackelen. Dorënner den 1. FC Kaiserslautern, Metz, Nanzeg, den FC Paräis an och eng Ekipp FC Mortagua. Wärend deem Event si mir natierlech och u vill Benevoller ugewisen a mir sinn och extrem frou, datt sou vill Leit sech gemellt hunn, fir eng Hand mat unzepaken. Sief dat beim Iessen, beim Gedrénks, bei der Organisatioun a bei der Verfleegung. Fir datt jidderee kann zefridden heemgoen a jiddereen ee schéine Weekend hat.”
Ier dann e Samschdeg an e Sonndeg den Tournoi zu Wuermer gespillt gëtt, spillt hir éischt Ekipp e Mëttwoch den Owend d’Finall vun der Coupe FLF géint Schieren.