Wiessel bei Los Angeles FCDen Hugo Lloris verléisst Tottenham

RTL Lëtzebuerg
De franséische Golkipp a Rekordnationalspiller war wärend 8 Joer Kapitän vum Club aus dem Norde vu London.
© PETER POWELL AFP

Am Ganze stoung hien 8 Joer bei Tottenham ënner Vertrag. Wéinst enger Verletzung ass hien zanter dem Abrëll allerdéngs net méi an den Asaz komm. Am Summer hat de Lloris dann de Wonsch geäussert, eppes Neies maachen ze wëllen.

Hie soll beim nächste Match vun Tottenham géint Bournemouth fir seng Verdéngschter ëm de Club geéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO