War d'Inspiratioun fir den NBA-LogoDen Jerry West ass dout

RTL Lëtzebuerg
De fréieren amerikanesche Basketspiller, Trainer a Fonctionaire Jerry West ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
© ETHAN MILLER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Seng professionell Karriär huet 1960 ugefaangen, wéi hie vun de Minneapolis Lakers gedraft gouf. Kuerz drop ass d’Franchise dann op Los Angeles geplënnert. De West huet seng ganz Karriär bei de Lakers verbruecht a stoung am Ganzen 8 Mol an den NBA Finals. Gewanne konnt hie se awer nëmmen eng Kéier, dat war 1972.

Dem West säi Spëtznumm “The Logo” kënnt iwweregens dohier, dass hien d’Inspiratioun hannert der Silhouette vum Basketspiller um NBA-Logo ass.

Back to Top
CIM LOGO