Gudde FonctionnementDen LIHPS zitt e positive Bilan

Tom Hoffmann
De Luxembourg Institut of High Performance in Sports huet d'lescht Joer gutt fonctionéiert.
VIDEO: Den LHIPS zitt e positive Bilan / Rep. Tom Hoffmann (9.3.2020)
Den Luxembourg Institut of High Performance in Sports huet d'lescht Joer gutt fonctionéiert.

Dat ënnersträicht d'Zuel vun de Sportler, déi op d’Hëllef vum LIHPS zréckgräife konnten. 58 Sportler aus 20 Federatioune goufen betreit an d'Tendenz geet weider an d'Luucht. Aktuell steet ee scho bei 65.

Beim LIHPS ginn et vill Sparten, wouvu Kader-Athlete kënne profitéieren. Sport-Psychologie, Biomechanik oder eng Optimisatioun vum Training sinn nëmmen 3 vun 10 Beräicher, déi d’Institut offréiert. En neit Element sollt deemnächst bäikommen, de Back to Sports. "Dat ass e Beräich, wann e Sportler verletzt war, fir dofir ze suergen, dass en nees seng 100% Leeschtung ka bréngen." Esou den Alwin de Prins, den Direkter vum LIHPS.

PDF: All néideg Informatiounen am Dossier

Back to Top
CIM LOGO