
Dobäi konnt sech den T71 Diddeleng mat enger 88:66 Victoire auswäerts bei de Musel Pikes de leschten Ticket fir d'1/4-Finall sécheren. D’Gäscht hunn dobäi fréi am Match fir kloer Verhältnisser gesuergt a louchen nom éischte Véierel mat 25:10 a Féierung. 8 Dräier huet den T71 an den éischten 20 Minutte getraff, de Virsprong ass bis zur Paus op 17 Punkte geklommen (47:30). Diddeleng huet och an der zweeter Hallschent kollektiv staark agéiert a wënnt um Enn däitlech.
6 Spillerinne vun de Gäscht hunn op d’mannst 10 Punkte markéiert, d’Mia Loyd huet mat 21 Punkten am beschte getraff.
D’Matcher vum Lalux-Ladies-Cup (1/4-Finallen) am Iwwerbléck:
Dës Matcher si fir de 6. a 7. Dezember programméiert.