
T71 Diddeleng - AS Zolwer 82:60
Den T71 huet mat 22 Punkten Avance géint d’AS Zolwer gewonnen. Just am leschte Véierel konnt Zolwer e Punkt méi markéiere wéi déi Diddelenger, déi deen Ament awer schonn e komfortabele Virsprong haten.
Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck 104:55
D’Amicale Steesel huet d’Damme vun der Ettelbrécker Etzella reegelrecht ausernee geholl. Anescht kann een e Score vun 104:55 bal net beschreiwen.
Résidence Walfer - Basket Esch 85:88
An engem spannende Match bis déi lescht Sekonne ass et um Enn d’Ekipp vun Esch, déi sech géint Walfer ka behaapten.
Musel Pikes - Sparta Bartreng 57:72
D’Sparta vu Bartreng konnt virun allem duerch a staarken drëtte Véierel géint d’Musel Pikes en Ecart opbauen a wënnt mat 72:57.
T71 Diddeleng - AS Zolwer 89:66
Déi Diddelenger Häre maachen den Dammen et no a behaapte sech och mat engem änleche Score géint den AS Zolwer.
Amicale Steesel - Sparta Bartreng 73:77
Am Hall Omnisport Alain Marchetti zu Steesel war et bis zum Schluss spannend, ma d’Heemekipp hat um Enn kee Grond ze feieren. War d’Amicale am 1. Véierel nach mat 22:16 a Féierung, sou konnt d’Sparta duerch gutt Leeschtungen am 2. an 3. Véierel de Match dréinen. Eréischt ganz zum Schluss fält d’Decisioun zu Gonschte vu Bartreng.