FuttballDen Uwe Seeler ass dout

RTL Lëtzebuerg
D'Hamburger Futtball-Idol Uwe Seeler ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen.

Hien huet zu senger aktiver Zäit als ee vun de beschte Mëttelstiermer vun der Welt gegollt. En huet seng ganz Karriär beim Hamburger SV gespillt a gëllt als ee vun de wichtegste Spiller vum Veräin.

Mam HSV ass hien 1960 däitsche Champion ginn an huet 1963 de Pokal gewonnen. Fir den Hamburger Veräin huet de Stiermer a 476 Matcher 404 Goler geschoss.

1966 gouf hie mat der däitscher Nationalekipp Vizeweltmeeschter an 1970 war et Plaz 3 op der WM.

Den Uwe Seeler an de Bobby Moore, virum Match den 30. Juli 1966 am Wembley-Stadion zu London.
Den Uwe Seeler an de Bobby Moore, virum Match den 30. Juli 1966 am Wembley-Stadion zu London.

Zanter 2003 war hien Éierebierger vun der Stad Hamburg.

Wéi d’Bild schreift, wier den Uwe Seeler am enkste Krees vu senger Famill friddlech entschlof.

Back to Top
CIM LOGO