NBADenver Nuggets séchere sech de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Franchise aus Denver, datt si d'" Larry O'Brien Championship Trophy" gewonnen hunn.
© Photo by MATTHEW STOCKMAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

D’Ekipp aus Colorado huet an der Nuecht op en Dënschdeg de fënnefte Match aus der Best-of-Seven-Serie an der Finall géint d’Miami Heat gewonnen, dat mat 94:89, a feiert domadder den éischte Championstitel an der Veräinsgeschicht. An der Finallronn hu sech d’Nuggets 4:1 duerchgesat, dat nodeem et no zwee Matcher nach 1:1 stoung.

De Serb Nikola Jokic gouf zum MVP, also als wichtegste Spiller vun de Finallmatcher, gewielt.

© Photo by POOL / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Back to Top
CIM LOGO