Horrorserie geet weiderDetroit verléiert och den 28. Match noeneen

RTL Lëtzebuerg
Trotz gudder Géigewier geet d'Rekord-Horrorserie vun den Detroit Pistons an der NBA weider.
Cade Cunningham verléiert weider mat Detroit
Cade Cunningham verléiert weider mat Detroit
© AFP

D’Team aus dem Bundesstaat Michigan huet an der Nuecht op e Freideg no Overtime mat 122:128 beim Rekordchampion an Titelfavorit Boston Celtics verluer. Duerch déi 28. Néierlag noeneen huet Detroit den Negativrekord vun de Philadelphia 76ers egaliséiert.

Philadelphia hat Enn der Saison 2014/15 an Ufank der Saison 2015/16 och 28 Néierlagen um Stéck kasséiert. Virdrun hat Detroit mat 27 Néierlagen noenee schonn den Negativrekord bannent enger Saison opgestallt. “Et deet extrem wéi”, sou den Trainer Monty Williams. “Ma d’Jonge ginn all Dag am Training alles.”

Back to Top
CIM LOGO