
E Mëttwoch den Owend gouf et an der englescher Championship fir den Danel Sinani mat Huddersfield ee Punkt. Am Auswäertsmatch géint Preston North End si keng Goler gefall. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 66. Minutt ausgewiesselt.
Huddersfield steet an der Tabell aktuell op der 5. Plaz.
En Dënschdeg war de leschte Match vum 21. Spilldag an der 2. Bundesliga. Hei huet déi nei Ekipp vum Maurice Deville den FC Sandhausen misste beim KSC untrieden. Fir d’Gäscht, déi am Keller vun der Liga stinn, wieren hei dräi Punkt wichteg gewiescht. Esou si se dann och opgedrueden. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet den Testroet d’Gäscht a Féierung bruecht an no 85 Minutten huet de Gondorf sengem eegenen Golkipp keng Chance gelooss. Esou feiert de Lëtzebuerger Nationalspiller, deen an der 82. Minutt fir de Testroet agewiesselt gouf, mat senger Ekipp eng wichteg Victoire am Ofstigskampf vun der 2. Bundesliga.
Freeë konnte sech e Méindeg den Tim Hall a seng Teamkolleegen am Championnat op Zypern. Achnas huet sech um 20. Spilldag auswäerts mat 2:0 géint de 7. an der Tabell Omonia duerchgesat. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet déi 90 Minutten duerchgespillt.
Achnas ass no der drëtter Victoire an dëser Saison mat elo 12 Punkte weiderhi Leschten.
An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense mam Eric Veiga, deen 90 Minutten op der Bänk bliwwen ass, mat 2:0 géint Mafra gewonnen. Domat iwwerhëlt dem Lëtzebuerger seng Ekipp Mafra och an der Tabell a steet elo op der 11. Plaz.
An der franséischer Ligue 1 ass Troyes géint Metz net iwwer een 0:0-Remis erauskomm. Domat bleift d’Ekipp vum Gerson Rodrigues, deen net am Kader stoung, weider op der 16. Plaz an der Tabell.
An der hollännescher Eredivisie gouf et fir d’Sparta Rotterdam beim 0:4 géint Feyenoord am Rotterdam-Derby näischt ze huelen. Wärend de Mica Pinto an der 69. Minutt agewiesselt ginn ass, souz de Laurent Jans déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.Nodeems de Mathias Olesen an der Woch e Profikontrakt beim 1. FC Köln ënnerschriwwen huet, huet de Lëtzebuerger de Weekend mat der 2. Ekipp an der Regionalliga gespillt. Géint Wiedenbrück ass een net iwwert een 0:0 erauskomm.
Royale Union St. Gilloise dominéiert weider d’Championnat an der Belsch. Um 26. Spilldag huet de Leader géint den direkte Verfolger Antwerpen mat 2:0 gewonnen. De Golkipp Anthony Moris huet säi Gol eng weider Kéier propper gehalen. Kuerz viru Schluss huet de Lëtzebuerger déi giel Kaart gesinn. St. Gilloise huet elo zéng Punkte Virsprong op Plaz 2.
Fannt hei d’Resultater vum belsche Championnat.
An der zweeter däitscher Bundesliga stounge sech e Samschdeg zwee Lëtzebuerger Nationalspiller géigeniwwer. Den Dirk Carlson war mat Erzgebirge Aue zu Sandhausen op Besuch, wou de frësch gewiesselte Maurice Deville ufanks awer op der Bänk souz. Um Enn stoung eng wichteg 2:0-Victoire fir den SV Sandhausen, bei där hie fir säin Debut beim neie Veräin nach fir 19 Minutten zum Asaz komm ass.
Duerch d’Néierlag gëtt et fir d’Ekipp vun Aue ëmmer méi enk am Tabellekeller vun der 2. Bundesliga. De Réckstand op d’Relegatiounsplaz bedréit elo nämlech fënnef Punkten an dat mat engem Match méi um Konto wéi déi direkt Konkurrenten.
Iwwerdeems steet Huddersfield no engem 1:0 géint Barnsley an den Aachtelsfinalle vum engleschen FA Cup. Den Danel Sinani war géint de Konkurrent aus der Championship fir déi lescht hallef Stonn um Terrain.