Internationale FuttballDFB-Pokal: Köln an Hoffenheim weider, Darmstadt raus

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend huet Köln fir den Ofschloss vun der 1. Ronn vum DFB-Pokal géint Osnabrück gewonnen, awer réischt no Verlängerung.
© AFP

DFB-Pokal um Méindeg

VFL Osnabrück - 1. FC Köln 1:3 no Verlängerung
0:1 Schmitz (43'), 1:1 Makridis (73'), 1:2 Adamyan (93'), 1:3 Chabot (96')

Osnabrück huet an der 1. Hallschent gutt matgehalen, mee duerch een Dramgol aus 20 Meter goung Köln mat Virsprong an d’Kabinn. Och duerno hunn d’Haushäre couragéiert matgespillt an Drock gemaach bis de Makridis no engem Eelefmeter, dee gerett gi war, de Ball nach eng Kéier krut an den 1:1 konnt maachen. Köln stoung ënner Schock. Um Ufank vun der Verlängerung huet Köln direkt mat 2 Goler geäntwert an d’Partie fir sech entscheet.

Bei deene Kölner stoung de Lëtzebuerger Mathias Olesen de komplette Match um Terrain.

Blamage fir Darmstadt bei Ekipp aus Regionalliga

Wärend Darmstadt virum Optakt vun hirem Retour op d’Bün vun der Bundesliga e Samschdeg virun allem offensiv erschreckend harmlos eriwwerkomm a sang-a klanglos ënnergaangen ass, konnt Hoffenheim bei enger Victoire ouni Glanz beim Drëttliga-Opsteiger Lübeck an déi nächst Ronn vum DFB-Pokal kommen. D’Ekipp aus der 2. Liga Magdeburg huet sech géint Regensburg aus der 3. Liga duerchgesat.

Homburg - Darmstadt 3:0
1:0 Mendler (10'), 2:0 Heilig (49'), 3:0 Harres (81')

Lübeck - Hoffenheim 1:4
1:0 Gozusirin (34') 1:1 Kramaric (42'), 1:2 Kramaric (60'), 1-3 Bulter (70') 1:4 Justvan (76')

Regensburg - Magdeburg 1:2
0:1 Schuler (16'), 0:2 Hugonet (49'), 1:2 Kother (63')

Back to Top
CIM LOGO