Den F91 Diddeleng huet sech an der éischter Hallschent géint d’Una Stroosse schwéier gedoen, um Enn awer mat 3:1 gewonnen. D’Gäscht waren an der 24. Minutt duerch de Babit a Féierung gaangen. De Golkipper Fox huet dobäi net gutt ausgesinn. De Favorit konnt virun der Paus duerch en Eelefmeter vum Samir Hadji ausgläichen. Nom Säitewiessel huet den Hadji de Match mat sengem 2. Gol komplett gedréint an den Da Cruz huet 8 Minutte viru Schluss den 3. Gol geschoss. Duerch des Victoire huet den F91 an der Tabell 2 Punkte Virsprong op Hesper, déi um Samschdeg just 3:3 géint Péiteng gespillt hunn.
Zu Déifferdeng koum d’Fola mat 0:6 ënner d’Rieder. D’Heemekipp louch an der Paus duerch Goler vun Trani, Almeida an de Castro mat 3:0 vir. Zwee weider Goler vum Almeida an ee vum Cabral an der Nospillzäit hunn d’Endresultat hiergestallt.
Wolz huet um Enn ganz knapp mat 1:2 géint de Progrès Nidderkuer verluer. Den De Almeida hat an der 39. Minutt den 1:0 fir d’Gäscht markéiert. Nom Ausgläich duerch den Napoleone huet de Guett Guett an der 93. Minutt den entscheedende Gol markéiert.
No enger 1. Hallschent ouni Goler gouf et en 1:1-Remis tëschent der Jeunesse a Monnerech. An der 60. Minutt huet de Larriére den 1:0 fir d’Heemekipp markéiert. 7 Minutte viru Schluss huet den M’Barki per Eelefmeter ausgeglach.
De Racing huet sech mat 5:0 zu Käerjeng duerchgesat. Schonns no 15 Sekonnen huet de Nakache seng Faarwen a Féierung bruecht. Mam 0:1 sinn dann och d’Säite gewiesselt ginn. No der Paus huet de Muratovic de Virsprong verduebelt. De Kada mat 2 Goler an der Buch mat engem Gol hunn de verdéngten Erfolleg fir d’Gäscht perfekt gemaach.
Donieft hu Rouspert an Hueschtert2:2 gläich gespillt a Munneref huet d’Etzella mat 3:0 geklappt.