BGL LigueHesper a Péiteng trenne sech 3:3

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg stoung eng Partie vum 5. Spilldag um Programm.

De Match um Hesper Holleschbierg hat vill ze bidden. Fir d’éischt waren d’Gäscht vu Péiteng schonn no 7 Minutte a Féierung gaangen, éier de Swift Hesper 2 Minutten drop ausgläiche konnt. Péiteng hat awer kloer d’Iwwerhand an der éischter Véierelstonn an de Merk konnt no knapp 20 Minutte säin zweete Gol vum Owend markéieren. Am Uschloss ass de Match e bësse verflaacht, éier de Schneider kuerz virun der Paus op 3:1 fir d’Gäscht erhéije konnt.

Nom Säitewiessel krut den Hesper Spiller Belameiri eng Rout Kaart gewisen, well hie sengem Géigespiller eng riicht an d’Gesiicht ginn huet. Péiteng hat awer net laang eppes vun der Iwwerzuel, well de Laukart bannent e puer Minutten zweemol Giel gesinn huet an domat vum Terrain gesat gouf. No der Awiesslung vum Maurice Deville huet Hesper méi Drock gemaach a gouf an der 72. Minutt mam 2:3 dofir belount. Kuerz viru Schluss huet d’Heemekipp souguer den Ausgläich markéiert an hätt an der Nospillzäit de 4:3 kënne schéissen. Ma dorausser ass näischt ginn, sou datt sech béid Ekippe mat engem 3:3 d’Punkten deelen.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO