
Nodeems Nidderkuer e Samschdeg de Match zu Diddeleng nach konnt dréinen, gouf um Sonndeg bei schwierege Wiederkonditiounen de Rescht vun de Matcher vum 16. Spilldag am nationale Futtball-Championnat gespillt.
An engem geckege Match konnt d’Fola Esch sech mat 3:2 zu Ettelbréck bei der Etzella duerchsetzen. Nodeems de Jacquel d’Féierung fir déi Escher vum Punkt markéiere konnt, huet d’Etzella de Match a Persoun vun Herr a Celani gedréint. An der 33. Minutt war et op en Neits de Jacquel, dee fir seng Faarwen ausgläiche konnt, ier de Boutrif no 41 Minutten d’Fola nees a Féierung bruecht huet, wat dunn och d’Resultat war.
De Racing hat doheem beim 2:1 géint Rodange keng grouss Problemer a konnt sech trotz schwéiere Konditiounen duerchsetzen. D’Ekipp vum Jeff Saibene war vun Ufank u waakreg an huet schonn no enger Minutt no engem Gol vum Rossi gefouert. Iwwert de ganze Match war de Racing déi spillbestëmmend Ekipp a mam 2:0 duerch de Rossi war d’Partie no 64 Minutten entscheet, och wa Rodange an der Nospillzäit nach den Uschloss markéiere konnt.
Zu Déifferdeng gouf et géint Rouspert eng 4:0-Victoire fir d’Lokalekipp. Kuerz virun der Paus huet de Buch seng Faarwen a Féierung bruecht. Duerno waren et virun allem d’Gäscht, déi op den Ausgläich gedréckt hunn, ma an der 67. konnt de Sakava op 2:0 erhéijen. Déi Rousperter hu sech zwar weiderhin net opginn, et ass awer net méi duergaangen, fir nach eemol erunzekommen. Kuerz viru Schluss waren et dunn nach de Buch an den agewiesselten De Taddeo, déi fir d’Endresultat gesuergt hunn.
Stroossen ass zu Munneref iwwerdeems net iwwert en 1:1 erauskomm a verpasst domat de Sprong laanscht den F91 op déi 2. Plaz. Dem Bernardelli säi Gol an der 59. Minutt ass vum Morabit ronn 10 Minutte méi spéit gekontert ginn. Tëschenduerch ass de Match wéinst dem Reen ënnerbrach ginn, béid Ekippe wollten awer weiderspillen. Kuerz viru Schluss krut de Bernardelli dunn nach déi giel-rout Kaart, op engem schwieregem Terrain ass awer kenger Ekipp méi de Lucky Punch gelongen.
An enger intensiver a serréierter Partie behält d’Jeunesse um Enn d’Iwwerhand géint Wolz a wënnt mat 1:0. De Gol ass no 55 Minutten duerch den Deruffe gefall, deem déi deziméiert Wëlzer näischt méi entgéintzesetzen haten.
Hueschtert konnt doheem géint Hamm d’Partie mat 1:0 fir sech entscheeden. D’Lokalekipp huet op engem schwéieren Terrain probéiert, fir d’Spill ze maachen an ze dominéieren an ass doduerch no 55 Minutten duerch den Trani a Féierung gaangen. Hamm ass no vir net vill agefall, soudass déi Hueschterter de Virsprong iwwer d’Zäit konnte bréngen.
D’Partie tëscht Péiteng an Hesper ass iwwerdeems déi eenzeg, déi wéinst de Wiederkonditiounen ofgebrach ginn ass.