BGL LigueNidderkuer dréint de Match a wënnt mat 2:1 zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Den F91 Diddeleng huet d'Féierung an de leschten 10 Minutten aus der Hand ginn a verléiert domat d'Plaz un der Tabellespëtzt.

Zum Optakt an d’Réckronn huet sech Nidderkuer no enger staarker Schlussphas mat 2:1 géint Diddeleng behaapt. Duerch dës spéit Victoire am Spëtzematch ass de Progrès elo den neie Leader.

Déi éischt véierel Stonn vum Match huet der Lokalekipp vun Diddeleng gehéiert. Den F91 huet de Wee no vir gesicht, ouni dobäi awer zu enger richteg gudder Golchance ze kommen. De Gaascht vun Nidderkuer huet sech ëmmer méi an d’Partie erageschafft an de Géigner elo méi fréi ënner Drock gesat. Am Stade Jos Nosbaum hunn déi ronn 600 Spectateuren en interessante Spëtzematch tëscht zwou engagéierte Ekipp ze gesi krut, an deem nëmmen nach d’Goler gefeelt hunn. Mat engem 0:0 ass et no 45 Minutten dann an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel hunn d’Diddelenger dann direkt méi op den éischte Gol gedréckt a sou ass an der 50. Minutt och den 1:0 gefall. No engem Zouspill vum Sinani hat de Bettaieb d’Nerve behalen an den F91 domat a Féierung bruecht. Och nom Gol waren d’Haushäre weider déi besser Ekipp, vum Progrès ass weider ze wéineg komm. Dat huet sech dann an der Schlussphas awer geännert. Wéi dat sech fir e Spëtzematch gehéiert ass et nach eng Kéier richteg spannend ginn, dat well d’Gäscht op den 1:1 gedréckt hunn. D’Beméiunge vun Nidderkuer sollten dann och an der 82. Minutt belount ginn, wéi de Peugnet no engem Corner den Ausgläich aus ronn 10 Meter markéiere konnt. Dat sollt et dann awer nach net gewiescht sinn. Den Azong huet de Ball an der 90. Minutt aus fënnef Meter hannert d’Linn gedréckt an den Nidderkuerer domat awer nach d’Victoire geséchert.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO