
2 Matcher viru Schluss vun der Qualifikatiounsronn sti bei den Hären an den Dammen d’Ekippe fest, déi an den Halleffinalle mat dobäi sinn.
Bei den Häre sinn et Stroossen, Esch, Fenteng an Dikrech. Wien an der Ronn vun de leschte Véier géintenee muss untrieden, decidéiert sech déi zwee lescht Spilldeeg. Stroossen ass déi éischte Plaz net méi ze huelen.
Bei den Dammen ass d’Decisioun och gefall. Walfer, d’Gym, Péiteng a Mamer sinn an den Halleffinallen. Och hei ass nach net kloer, wie géint wie spillt.