
Hei konnt keng vu béide Spëtzenekippe wierklech iwwerzeegen. No engem fréie Gol vum Racing duerch de Françoise (8’) konnten déi Stater den F91 de Match maache loossen, woumat den Tabelleleader net gutt eens ginn ass. Kuerz virun der Paus konnt de Cools no engem Fräistouss zwar mam Kapp ausgläichen (43’), wat déi enttäuschend Leeschtung awer och net vergiess konnt maachen.
Nom Pausentéi huet de Racing sech du selwer geschwächt, wéi den Omrani no engem Foul an der 48. Minutt déi rout Kaart gewise krut. Dem F91 huet awer virun allem u Konzentratioun a Kreativitéit gefeelt, fir aus dëser Iwwerzuel Kapital ze schloen. An der Schlussphas huet d’Lokalekipp zwar dunn op d’Victoire gedréckt, ass awer géint eng gutt Defense vum Racing net méi zu zwéngenden Occasioune komm.
Duerch dëse Remis kann Nidderkuer e Sonndeg bei enger Victoire am Spëtzematch géint d’Fola nees laanscht den F91 zéien, wärend de Racing weiderhi 6 Punkte Retard op Diddeleng huet.