E Mëttwoch den Owend goufen am nationale Futtball d’Aachtelsfinalle vun der Coupe gespillt.
Titus Péiteng géint de F91 Diddeleng huet de Spëtzematch an den 1/8-Finalle geheescht.
Virun dësem Duell gouf den Péitenger Kapitän Artur Abreu fir säin 150. Match fir d’Union Titus Péiteng geéiert.
D’Spectateure sinn dann virun allem an der 1. Hallschent och definitiv op hier Këschte komm. Den F91 ka sech um Enn mat 3:2 duerchsetzen.
D’Lokalekipp ass besser an de Match komm a louch no 6. Minutte frei am Match mat 1:0 a Féierung. Diddeleng, déi an der BGL Ligue no 24 Matcher aktuell 11 Punkte viru Péiteng stinn, konnten an der 16 Minutt no engem kapitale Mëssverständnes tëscht dem Péitenger Golkipp a senger Defense de Score nees ausgläichen. Den F91 ass um Drécker bliwwen an ass no enger gutt erausgespillter Emschaltaktioun an der 25. Minutt vir eng éischte Kéier a Féierung gaangen. Den Titus huet de Kapp awer net an de Sand gestach, a konnt sengersäits an der 34. Minutt op 2:2 ausgläichen, éier Diddeleng nëmme 5 Minutte méi spéit fir eng zweete Kéier am Match a Féierung sollt goen, sou dass et mat 3:2 fir den F91 an d’Paus gaangen ass.
Am zweeten Duerchgang sollt dunn kee Gol méi falen, sou dass sech den F91 fir déi nächste Ronn qualifizéiere kann.
An de weidere Matcher konnt sech de Racing ouni gréisser Problemer mat 4:0 zu Berbuerg duerchsetzen iwwerdeems Wolz doheem mat 4:1 géint Hueschtert gewonnen huet. Eng däitlech 6:0-Victoire gouf et fir Miersch zu Hamm géint Luxembourg City. Rouspert gewënnt duerch zwee Goler kuerz viru Schluss mat 2:0 géint d’Fola.
Déifferdeng klappt an engem enke Match Hesper mat 1:0 a steet domat wéi Diddeleng an der Véierelsfinall. Munneref klappt Stroossen mat 2:1.
De Match Rëmeleng géint Nidderkuer huet missen an d’Verlängerung goen. Hei hat de Progrès de längeren Otem a gewënnt no 120 Minutten mat 3:1.