BGL LigueDiddeleng an Nidderkuer am Gläichschrëtt

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng gewannt eng animéiert Partie zu Hueschtert. Nidderkuer schéisst géint d'Jeunesse eréischt spéit den decisive Gol.

An der BGL Ligue war e Sonndeg de kompletten 18. Spilldag.

De Leader Diddeleng ass senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech mat 3:1 zu Hueschtert duerchgesat. Mat 0:0 ass et zu Hueschtert op den Téi gaangen, et war awer en 0:0 vun der besserer Zort mat vill Tempo an héijer Intensitéit. D’Goler sinn an de leschte 15 Minutte gefall. Fir den F91 hunn den Hadji (77.), de Sinani (84.) an de Bettaieb (90.+2) markéiert, op Hueschterter Säit war et den Tibor (82.).

Et war eng animéiert éischt Hallschent tëscht der Jeunesse an dem Progrès, wou déi Escher méi fir de Match gemaach hunn. De Progrès hat awer déi besser Golchancen duerch Bastos a Vogel. An der zweeter Hallschent konnt Nidderkuer eréischt kuerz viru Schluss duerch den Azong den 1:0 markéieren. De Progrès bleift domat op der zweeter Plaz hannert Diddeleng.

De Match Rouspert géint d’Fola war knapps zwou Minutten al, do loung Rouspert schonn duerch en Eegegol mat 1:0 vir. Déi éischt 20 Minutten huet d’Lokalekipp dominéiert an duerno ass d’Fola besser an de Match komm. D’Ekipp vum Escher Galgebierg huet sech och Golchancen erausgespillt a konnt duerch de Mustafic zum 1:1 ausgläichen. No 55 Minutte konnt de Correira d’Fola a Féierung bréngen. D’Fola bleift mat der 2:1-Victoire um Spëtzenduo drun.

D’UNA war vun der éischter Minutt un an dësem Match dran an ass an der 5. Minutt duerch de Babit a Féierung gaange. Eng Féierung, déi laang verdéngt war, well der Heemekipp guer näischt agefall ass. No an no huet sech den FC Déifferdeng 03 awer an dës Partie zeréckgekämpft an huet virun der Paus duerch den De Taddeo ausgeglach. An der zweeter Hallschent konnt de Cabral d’Heemekipp mat 2:1 a Féierung bréngen. Domat decidéiert den FCD03 de Spëtzematch vum 18. Spilldag fir sech a bleift un den internationale Plazen drun.

FC Déifferdeng 03 géint UNA Stroossen
Déifferdeng gewënnt de Spëtzematch vum 18. Spilldag an der BGL Ligue mat 2:0 géint Stroossen.

Hesper huet sech mat 2:0 géint d’Etzella duerchgesat a bleift un den internationale Plazen drun. Déi éischt Hallschent ass ganz onspektakulär verlaf. Eréischt kuerz virun der Paus konnt Hesper mat 1:0 a Féierung goen. Fir d’Etzella gëtt et keng Punkten am Kampf géint den Ofstig.

Am Kellerduell tëscht Munneref a Rodange war et déi éischt 45 Minutten ganz more Kascht vu béiden Ekippen. Munneref hat vill Ballbesëtz, konnt awer näischt domat ufänken a Rodange huet sech immens passiv verhalen. An der 39. Minutt ass de Kuete vum Terrain gesat ginn a Rodange war 50 Minutten an Iwwerzuel. An der 52. Minutt konnt Rodange dës Iwwerzuel notzen an huet duerch de Peprah den decisiven 1:0 markéiert.

Péiteng setzt sech mat 3:1 géint den RM Hamm Benfica duerch an distanzéiert sech vun den Ofstigsplazen. D’Lokalekipp war mat enger 1:0-Féierung an d’Paus gaangen, nodeems Péiteng déi éischt Hallschent dominéiert hat an an der 40. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung goung. An der zweeter Hallschent konnte Schaus (51.) an Abreu (61.) fir den UTP markéieren. Hamm huet an der Nospillzäit nach den Éieregol geschoss.

Eng Iwwerraschung gouf et um Verluerekascht, hei gewënnt Wolz mat 3:1 géint de Racing. Wolz war verdéngt mat enger 1:0-Avance an d’Paus gaangen. Vum Racing koum an der éischter Hallschent an der Offensiv vill ze wéineg, fir Gefor auszestralen. No der Paus konnt de Racing kuerz ausgläichen, éier Wolz mat zwee Goler de Match fir sech decidéiert huet a sech domat wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig séchert.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO