No 90 Minutte stoung et tëscht Diddeleng an der Fola 3:3-Gläich. D’Entscheedung huet missen am Eelefmeterschéisse falen. An hei setzt sech den F91 mat 4:3 duerch, sou dass d’'Coupe 2024 op Diddeleng geet.
Et waren 1069 Spectateuren dës Finall op Rëmeleng kucke komm.