
Schonn direkt fir den Optakt vun der BGL Ligue ass et d’Partie tëscht dem Champion Diddelenger an dem Rekordchampion Jeunesse Esch. D’Spiller vum Stater Racing mussen zu Déifferdeng untrieden an Hesper kritt et mat Nidderkuer ze dinn. D’Opsteiger vu Käerjeng spillen doheem géint Wolz a Monnerech, déi och geklomme sinn, dierfe sech op Rouspert freeën.