BGL LigueDiddeleng nees Tabelleleader, Nidderkuer klappt Munneref

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng klappt Wolz an iwwerhëlt nees d’Tabelleféierung. Donieft bleift d’Fola och géint de Racing ouni Succès, wärend Nidderkuer géint Munneref wënnt.

E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d’Suite vum 15. Spilldag. Schonn e Samschdeg hat ënner anerem Hesper sech souverän géint d’Jeunesse duerchgesat.

Diddeleng war zu Wolz vun Ufank un déi dominant Ekipp an hat eng Partie gutt Geleeënheeten, engem intensive Match hunn awer an der éischter Hallschent d’Goler gefeelt. Nom Pausentéi hunn déi Wëlzer besser matgespillt, ma et ass awer seele geféierlech gi virum Gol vum F91. No 68 Minutte konnt de Bojic dunn no engem Corner d’Féierung fir déi Diddelenger markéieren. De Knuet war geplatzt an no der rouder Kaart fir de Philipps op Wëlzer Säit huet de Magno an der 80. Minutt mat engem Distanzschoss fir d’Entscheedung gesuergt. Kuerz viru Schluss konnt de Sinani dunn nach een dropsetzen, soudass den F91 mat dësem 3:0 nees laanscht Hesper zitt an d’Tabelleféierung iwwerhëlt.

Den F91 wënnt zu Wolz an ass nees Tabelleleader
Trotz gudder Wëlzer Leeschtung setzt Diddeleng sech duerch an iwwerhëlt nees d’Tabelleféierung.

D’Fola kann och um Racing net gewannen a bleift elo am 5. Match hannerteneen ouni Punkt. De Buch huet déi Stater schonn an der 7. Minutt a Féierung bruecht, éier de Muratovic no enger knapper hallwer Stonn bei engem Corner op 2:0 erhéije konnt. Kuerz virun der Paus war et dunn nach eemol dee staarke Muratovic, deen no engem Corner per Kapp un de Ball komm ass a scheinbar fir d’Virentscheedung gesuergt huet. D’Fola huet sech am zweeten Duerchgang allerdéngs net opginn a per Eelefmeter no 72 Minutten duerch den Diallo op 1:3 verkierzt. Just e puer Minutten drop war et de Runser, deen nach ee konnt noleeën an nees fir eng spannend Schlussphas gesuergt huet. Um Enn ass et fir d’Fola awer net méi fir ee Punkt duergaangen, well de Françoise no engem Konter an der Nospillzäit de 4:2 schéisse konnt.

Stroossen ass géint d’Etzella schonn no 4 Minutten a Féierung gaangen. No enger Recuperatioun hat d’Una schnell ëmgeschalt an de Babit huet dem Galea am Ettelbrécker Gol keng Chance gelooss. Doropshi war et eng Hallschent ouni vill Occasiounen, ma kuerz virum Pausentéi war et de Camilo, deen awer nach op 2:0 setze konnt. Och am zweeten Duerchgang waren et déi effektiv Stroossener, déi no 54 Minutten a Persoun vum staarke Perez mat engem schéinen Hiewer op 3:0 gesat hunn. Just e puer Minutten dono huet de Babit souguer nach een dropgesat an d’Partie endgülteg entscheet. Den Ettelbrécker Ferreira konnt dunn nach den Uschloss markéieren, fir méi ass et allerdéngs net méi duergaangen, soudass Stroossen d’Etzella verdéngt mat 4:1 klappt.

Tëscht Nidderkuer a Munneref huet et fréi no engem souveräne Succès fir d’Haushären ausgesinn. Si waren déi besser Ekipp a sinn no 12 Minutten duerch de Filet a Féierung gaangen, éier de Bijelic just 4 Minutten drop op 2:0 erhéicht huet. Béide Goler ware Feeler an der Munnerefer Defense virausgaangen. Ma d’Visiteure sinn no an no zréck an de Match komm an hunn an der 51. Minutt duerch de Keita den Uschlossgol markéiert. Dës Kéier waren et d’Gäscht, déi duerch ee schéinen Ofschloss vum Mendes direkt nach een noleeë konnten, woumat et nees 2:2 stoung. Et war doropshin ee ganz serréierte Match, an deem Nidderkuer allerdéngs nees a Féierung goe konnt. Bei engem Fräistouss ass den Amofa agelaf an huet de Ball just nach missen iwwer d’Linn drécken. An der Nospillzäit konnt de Filet du fir déi endgülteg Entscheedung suergen, soudass de Progrès 4:2 gewënnt an elo Tabellendrëtten ass.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO