
Déifferdeng iwwerrennt Hueschtert auswäerts mat 5:0. Direkt an der éischter Minutt haten d’Gäscht den éischte Gol geschoss. Bis kuerz virun der Paus war et eng ëmkämpft Partie, mee du krut den Hueschterter Spiller Coulibaly wéinst Tätlechkeet Rout. No der Paus huet Déifferdeng mat zwee séiere Goler de Match fir sech entscheet. Mann vum Match war de Cabral mat dräi Goler.
Den Drëttplacéierten Union Titus Péiteng hat den Opsteiger Monnerech op Besuch an huet vum Trainer de Sousa mat 5:2 nees heemgeschéckt. An der éischter Véierelstonn sinn net manner wéi dräi Goler gefall a bis zur Paus sollten insgesamt sechs Goler falen. An der 76. Minutt huet den agewiesselten Abreu de Sak zougemaach.
De Swift Hesper setzt sech mat 2:0 géint d’Escher Jeunesse duerch. D’Lokalekipp sollt schonn no 11 Minutten duerch de Stolz a Féierung goen an huet och duerno de Match dominéiert. No der Paus war et nees de Stolz, deen no 60 Minutten säin zweete Gol vum Owend geschoss huet. Duerno huet Hesper de Match bis zum Schluss geréiert. Kierz viru Schluss krut den Escher Boury nach déi giel-rout Kaart.
Duerch dës Victoire ass Hesper provisoreschen Tabellenéischten. Diddeleng spillt um Sonndeg zu Wolz.
Rouspert gewënnt doheem mat 3:0 géint Käerjeng. Et war eng Partie mat ville Feeler an Ongenauegkeeten. Visiteuren hunn iwwert 90 Minutten net richteg an de Match fonnt. Lokalekipp war déi ganz Partie méi bësseg a méi cadréiert an hiren Occasiounen. Et war d’Lokalekipp, déi no 28 Minutten a Féierung goe konnt an och no der Paus de Match geréiert huet.