Déi éischt Minutten haten d’Gäscht awer déi besser Chancen an no ronn enger Véierelsstonn sinn déi Diddelenger besser an de Match komm. An der 21. Minutt konnt den Hassan dunn eng Flank vum Hadji notzen an den 1:0 fir d’Heemekipp markéieren. D’Freed huet awer net laang gedauert, well scho quasi mam nächsten Ugrëff huet de Juninho fir d’Gäscht den Ausgläich markéiert. Béid Ekippen hate virun der Paus nach d’Méiglechkeet, a Féierung ze goen, ma bei den Diddelenger war de Fox am Gol ëmmer do, wann hie gebraucht gouf, a vir haten d’Jonge vum F91 net déi néideg Prezisioun. Esou ass et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen.
Ma no der Paus haten d’Gäscht d’Heft an d’Hand geholl. An der 54. Minutt huet de Juricic den 2:1 fir Pjunik Jerewan geschoss. Bei deem Stand wier et an d’Verlängerung gaangen. Ma si haten awer nach net genuch. An der 76. Minutt profitéiert den Otubanjo vun engem Feeler an der Defense en erhéicht op 3:1. De Schlusspunkt koum da knapp 10 Minutte méi spéit, wéi den Juricic säin zweete perséinleche Gol markéiere konnt. Och hien hat vun engem Feeler profitéiert, dëst d’Kéier awer net vun engem Spiller, mä vum an der éischter Hallschent nach esou staarke Fox am Gol vun den Diddelenger.
No dëser 4:1-Néierlag falen déi Diddelenger aus der Champions-League-Qualifikatioun eraus a rutschen ee Level méi déif. Si treffen elo an der Europa-League-Qualifikatioun entweder op Zaligris Vilnius oder Malmöö FF, dat decidéiert sech e Mëttwoch. D’Matcher ginn de 4. an 11. August gespillt.
Nieft deem sportleche Erfolleg stoungen an dësen 90 Minutten awer och 2,96 Milliounen Euro um Spill, dat sinn 32.888 Euro d’Minutt. Fir e Veräin wéi Diddeleng wieren dat vill Suen. Well wier een dësen Tour weiderkomm, wier een am drëtte Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun gewiescht an op d’mannst an de Play-Offe vun der Europa League an dono am schlechtste Fall an der Gruppephase vun der Conference League.