
Am Topmatch vum 27. Spilldag huet sech de Leader Diddeleng mat 1:0 géint Hesper duerchgesat. An engem spannende Match am Stade Jos Nosbaum hat Hesper de besseren Ufank, duerno ass d’Lokalekipp besser an de Match komm. Et gouf Golchancen op béide Säiten, woubäi déi zwee Golkippen am Mëttelpunkt stoungen. Och an der zweeter Hallschent war et en animéierte Match mat ville Golchancen. An der 83. Minutt konnt den Hadji fir den F91 de Ball an de Filet setzen.
Hueschtert war déi besser Formatioun an der éischter Hallschent, konnt hir Golchancen awer net notzen. D’Fola war an den éischte 45 Minutte quasi net existent. No der Paus ass et richteg lass gaangen. D’Doyenne huet bannent 20 Minutten dräi Goler geschoss an hat de Match esou gutt wéi an der Täsch. Hueschtert konnt an de leschte Minutten nach zwee Goler markéieren, um Enn sollt et awer net duergoen. D’Fola gewënnt um Schluss mat 3:2 zu Hueschtert an ass neien Zweeten, dat mat engem Réckstand vun 3 Punkten.
Péiteng an Déifferdeng trenne sech am Südderby 1:2. D’Ekippe goufe mat engem 1:1 an d’Paus geschéckt, e Resultat, dat dem Spillverlaf entsprach huet. Déifferdeng huet den éischte Gol vun der Partie markéiert, éier Péiteng duerch en Eelefmeter ausgläiche konnt. An der 62. Minutt gouf de Pellegrini op Péitenger Säit mat Rout vum Terrain gesat. Den uschléissenden Eelefmeter huet de Cabral verwandelt.
Bei der Partie Progrès Nidderkuer géint RM Hamm Benfica sinn net manner wéi sechs Goler gefall, d’Lokalekipp gewënnt um Enn mat 5:1 géint den Tabelleleschten. Déi éischt Hallschent war vu ville Feeler op béide Säite gepräägt, sou dass et mat engem 1:1 an d’Paus goung. No der Paus huet de Progrès Gas ginn a véier Goler markéiert, een dovu war en Eegegol vum Correira.
Wolz setzt sech mat 2:0 géint Rodange duerch a mécht et fir Rodange quasi onméiglech nach an der BGL Ligue ze bleiwen. Wolz séchert sech mat dësem Resultat eng Plaz am Barrage a ka sech souguer nach selwer an der BGL Ligue halen. Den Ibrahimovic an den Osmanovic (Eelefmeter) hu fir d’Lokalekipp markéiert.
D’Jeunesse verléiert op der Grenz mat 1:2 géint Stroossen. An der Paus louch d’Lokalekipp duerch e Gol vum Agovic mat 0:1 hannen an den Trainer vun den Escher, Jeff Strasser, krut vum Arbitter wéinst ze villem Reklamméieren déi Giel Kaart gewisen. Direkt no der Paus konnten déi Escher ausgläichen, mee duerch e Last-Minute-Gol hëlt Stroossen dräi Punkte mat heem.
Munneref klappt Ettelbréck mat 2:1. D’Gäscht haten déi éischt grouss Golchance, mee et war d’Heemekipp, déi a Féierung goung. D’Etzella huet kuerz dorop en Eelefmeter verschoss. Munneref konnt no der Paus op 2:0 erhéijen, well de Gäscht net vill agefall war. Eréischt kuerz viru Schluss hunn déi Ettelbrécker op 1:2 verkierze kënnen, mee et sollt net duer goen.
Um Samschdeg hat de Racing sech scho mat 2:1 géint Rouspert.